Bücher -> Den Harry Potter ...-> Leseprobe

 

 

 

 

Kairos ASBL
104, rue de Strasbourg
L-2560 Luxembourg
Tel / Fax +352 26259415
info@kairos.lu

Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall

 

Joanne K. Rowling

“Ginny!” huet den Harry gepëspert, ass bei hatt geditzt an huet sech geknéit. “Ginny! Du bass net dout! Gell, du bass net dout!” Hien huet säin Zauberstaf op d’Säit gehäit, d’Ginny mat de Schëllere gepaakt an hatt ëmgedréint. Säi Gesiicht war wäiss ewéi Marber a grad esou kal, mee seng Ae waren zou, deemno war hatt net verstengert. Mee dann huet hatt jo missen ...
“Allez, Ginny, gëff wakereg” huet den Harry verzweiwelt gebrommelt an hatt gerëselt. Wéi bei enger Popp ass dem Ginny säi Kapp hin an hier getrollt.
“Hatt gëtt net wakereg” sot eng duuss Stëmm.
Den Harry ass an d’Luucht gefuer an huet sech op de Knéie séier ëmgedréint.
E grousse Bouf mat schwaarzen Hoer stoung do widdert dem Stäiler nobäi an huet him nogekuckt. De Jong huet gelunge verschwomme gewierkt, wéi wann den Harry duerch eng niwwelzeg Fënster op hie kucke géing. Hie konnt sech ower net geiert hunn.
“Tom ... Tom Riddle?”
De Riddle huet mam Kapp Jo gewonk, awer keng Sekonn d’Ae vum Harry gelooss.
“Wéi mengs du dat, hatt gëtt net wakereg?” sot den Harry verzweiwelt. “Hatt ass dach net ... net ...?”
“Hatt ass nach um Liewen” sot de Riddle. “Mee grad nach esou.”
Den Harry huet hien ugegaaft. Den Tom Riddle war viru fofzeg Joer zu Hogwarts gewiescht, an dach stoung hien elo hei, mat engem gelungenen niwwelzege Schäin ronderëm de Kierper, héichstens siechzéng Joer al.
“Bass du e Geescht?” frot den Harry onsécher.
“Eng Erënnerong” sot de Riddle roueg. “Versuergt an engem Agenda zanter fofzeg Joer.”
Hien huet op de Buedem bei déi riseg Zéiwe vun der Statu ge- wisen. Do louch opgeschloen dee klenge schwaarzen Agenda, deen den Harry am Pinschkätt senger Toilette fonnt hat. Een Ament laang huet den Harry sech gefrot, wéi deen Agenda dohin- ner komm ass – mee do waren aner méi wichteg Froen ze klären.
“Du muss mir hëllefen, Tom” sot den Harry an huet dem Ginny säi Kapp nees an d’Luucht gehuewen. “Mir missen hatt vun hei erauskréien. Heibannen ass e Basilisk ... keng Ahnung, wou hien ass, mee hie kéint all Ament opdauchen. Hëllefs du mir, wannechgelift ...”
De Riddle huet net bougéiert. Den Harry huet ge- schweesst an d’Ginny hallef an d’Luucht kritt. Hien huet sech gebéckt, fir säin Zauberstaf nees opzerafen.
Mee dee war fort.
“Hues du mäin –?”
Hien huet an d’Luucht gekuckt. De Riddle huet hien ëmmer nach bekuckt – an dem Harry säin Zauberstaf tëscht senge laange Fangeren hin an hier gedréint.
“Merci” sot den Harry an huet d’Hand ausgestreckt.
D’Ecker vum Riddle senge Mondwénkelen hu sech mat engem Schmotzlächele verzunn. Hien huet den Harry weider ugekuckt a séileroueg mam Zauberstaf gespillt.
“Lauschter emol” sot den Harry nodrécklech, a seng Been sinn ënnert dem Ginny sengem stracke Gewiicht zesumme- gaangen “mir missen eis elo wierklech hei ewechmaachen! Wann de Basilisk kënnt...”
“Dee kënnt nëmmen, wann hie geruff gëtt” sot de Riddle roueg.

--> nach oben