Bücher -> Den Harry Potter ...-> Leseprobe

 

 

 

 

Kairos ASBL
104, rue de Strasbourg
L-2560 Luxembourg
Tel / Fax +352 26259415
info@kairos.lu

Den Harry Potter an den Alchimistesteen

 

Joanne K. Rowling

Den Harry huet schwaach gegrinst. Jo, den Hittchen opdoe war vill besser wéi en Zaubersproch soe missen, mee hien hätt et léiwer gehat, wa si en hätten opdoe kënnen, ouni dass all Mënsch nogekuckt huet. Den Hittchen huet anscheinend zimlech vill vun engem gefuerdert. Den Harry huet sech an deem Moment weder daper nach besonnesch gescheit oder soss eppes vun all deem gefillt. Wann den Hittchen dach nëmmen en Haus genannt hätt fir Leit, déi sech liicht katzeg gefillt hunn, dat wier genee dat Richtegt gewiescht fir hien.
D’Professer McGonagall koum elo no vir, mat engem laange Rullo Pergament an der Hand.
“Wann ech ären Numm opruffen, dann dot dir den Hittchen op a setzt iech op den Hocker fir zortéiert ze ginn” sot si. “Abbott, Hannah!”
E Meedche mat engem rosa Gesiicht a blonden Trëtze koum aus der Rei getrollt, huet den Hittchen opgedoen, deen him riicht iwwert d’Ae gerutscht ass, a sech gesat. Ee Moment war et roueg …
“HUFFLEPUFF!” huet den Hutt geruff.
Den Dësch ganz riets huet gebirelt a geklappt, wéi d’Hannah sech un den Hufflepuffdësch setze gaangen ass. Den Harry gesouch, wéi de Geescht vum Décke Pater dem Meedche glécklech gewénkt huet.
“Bones, Susan!”
“HUFFLEPUFF!” huet den Hittchen nach eng Kéier geruff, an d’Susan huet sech getommelt fir sech nieft d’Hannah ze setzen.
“Boot, Terry!”
“RAVENCLAW!”
Dës Kéier huet den zweeten Dësch vu lénks geklappt. Eng Rëtsch Ravenclawer sinn opgestan fir dem Terry d’Hand ze ginn, wéi hie bei si koum.
“Brocklehurst, Mandy” ass och no Ravenclaw gaangen, mee “Brown, Lavender” ass deen éischten neie Gryffindorer ginn, an den Dësch ganz lénks ass a Jubel ausgebrach. Den Harry huet gesinn, wéi dem Ron seng Zwillingsbridder duerch d’Fangere gepaff hunn.
“Bulstrode, Millicent” ass eng Slytherin ginn. Vläicht huet den Harry sech dat agebillt, no all deem wat hien iwwert Slytherin héieren hat, mee hien huet fonnt dass déi alleguer onsympathesch ausgesouchen.
Him ass et elo definitiv schlecht ginn. Hien huet sech drun erënnert wéi et war, wann et an den Turnstonnen an der Schoul drëms goung, fir eng Équipe ausgewielt ze ginn. Hie war ëmmer dee leschte fir gewielt ze ginn, net well hien net gutt gewiescht wier, mee well kee wollt dass den Dudley sollt denken, si kéinten hie leiden.
“Finch-Fletchey, Justin!”
“HUFFLEPUFF!”
Den Harry huet gemierkt, dass den Hittchen heiansdo den Numm vum Haus direkt geruff huet, mee bei verschiddenen huet e méi laang gebraucht fir sech ze entscheeden. “Finnigan, Seamus”, de Jong mat de stréiblonden Hoer, dee virum Harry an der Rei gestanen hat, souz bal eng ganz Minutt um Hocker, iert den Hittchen hien zu engem Gryffindorer déclaréiert huet.
“Granger, Hermione!”
D’Hermione ass quasi bei den Hocker gerannt an huet sech den Hittche gammereg iwwert de Kapp gestrëppt.
“GRYFFINDOR!” huet den Hutt geruff. De Ron huet gejéimert.
Dem Harry ass op eemol e schreckleche Gedanke komm, esou schrecklech wéi Gedanken et ëmmer da sinn, wann ee ganz opgereegt ass. Wat wier, wann hie guer net ausgewielt
géif ginn? Wat wier, wann hien eng Éiwegkeet einfach do géif sëtzen, den Hittchen iwwert den Aen, bis dass d’Professer McGonagall him e vum Kapp rappen a soe géif, dass hinnen do, wéi et schéngt, e Feeler ënnerlaf ass an dass hie besser hätt mam Zuch nees heem ze fueren?
Wéi den Neville Longbottom, dee Jong, dee stänneg seng Mouk verluer huet, opgeruff gouf, ass deen ënnerwee bei den Hocker iwwert seng Féiss getrollt. Den Hittchen huet laang gebraucht fir sech beim Neville ze entscheeden. Wéi hien endlech “GRYFFINDOR!” geruff huet, ass den Neville lassgestierzt, den Hittchen nach ëmmer op, a misst ënnert dem haarde Gelaachs vun deenen aneren zerécklafen, fir en dem “MacDougal, Morag” weiderzereechen.
De Malfoy ass no vir stolzéiert, wéi säin Numm opgeruff gouf, a krut säi Wonsch direkt erfëllt: den Hittchen hat säi Kapp knapps beréiert, wéi e gejaut huet: “SLYTHERIN!”
De Malfoy ass bei seng Frënn Crabbe a Goyle gaangen a gesouch zimlech zefridde mat sech selwer aus.
Elo waren der net méi vill iwwreg.
“Moon” … “Nott” … “Parkinson” … dann Zwillingsschwësteren, “Patil” a “Patil” … dann “Perks, Sally-Anne” … an dann, endlech …
“Potter, Harry!”
Wéi den Harry no vir getratt ass, koum an der ganzer Hal op eemol e Gepëspers op, wéi lauter kleng wibbeleg Flamen.
“Huet si Potter gesot?”
“Deen Harry Potter?”

--> nach oben